Login

Benutzeranmeldung

Geben Sie Ihren Benutzernamen und Ihr Kennwort ein, um sich an der Web-Site anzumelden:

Kennwort vergessen?

Forum

Scottish Pre65 2012

Autor Nachricht
Verfasst am: 08. 05. 12 [09:36]
kuschti
christian bega
Themenersteller
Dabei seit: 26.05.2010
Beiträge: 18
wollt just e puer sachen iwert den Scottish Pre65 soen wou den Fernand, Laurent an ech dest joer waren.
Ech hunn leider vun der course selwer keng fotoen, mee dei sollen nach kommen
Mol en grousse merci un den Fernand wou mer en Stéck geléint huet fir meng Ariel, soss hät ech net kéinten do fueren.
Dann nach eng kéier en groussen icon_eek.gif Chapeau icon_eek.gif fir den Fernand, waat den eng energie huet fir sou sachen ze fueren, en as dei 2 deeg gefuer wei en Chef! Chapeau! do waren zonen dran ..... wann mer dei geifen hei zu letzebuerg machen, geifen souguer dei matt den modernen trialen emdreinen Heem fueren an soen dei hunn se net mei all
Den Fernand huet sech daat ugekuckt an alles ginn fir erop ze kommen an ech hunn emmer gemeckert awer wansde sou eppes gesais oder dei 2-3 dei mam STARR-RAHMEN do gefuer sinn. einfach ... daat muss een gesinn hunn
Eisen Laurent as wei emmer ganz gudd gefuer, zumolls matt sou engem schweiren Moto wei sein, chapeau Laurent et as just immens schued well den Laurent 60 Stroffpunkten krutt firwaat? majo mir kennen eisen Laurent jo .....waat mecht hien wann eppes net geet oder hien en fouss setzt .....hien huet e puer mol sou hart gejaut dass Schoof vun Schottland an england gelaaf sinn an den Schotten as den Rack an luut gangen
nee nee lo serieux den Laurent hat den 2 daag leider ganz weit eweg vum Parc fermé eng panne matt sengem Versager ...en stéck ofgebrach, et huet ganz schlecht ausgesinn well mer jo nemmen 6 stonnen hatten fir den tour ze machen, awer hien huet et färdeg bruecht mam Benzinschlauch "ouni" vergaser an den parc fermé ze kommen an herno erem firun ze fueren, leider konnt hien 3 zonen net mei machen an huet doweinst 60 Punkten mei kritt seng platz as ganz gudd, well et muss een daat ganz mol eng keier gesinn hunn waat dei do fueren, awer hien wär soss op platz 10 + - komm, awer trotzdem
sou lo geet et duer, tjo ech sinn och ukomm trotz mengem gemeckers
et war ganz flott, an super wieder, jo jo super wieder
Verfasst am: 10. 05. 12 [09:00]
laurent
Laurent Baatz
Dabei seit: 20.02.2008
Beiträge: 28
Gudden Owend alleguer.

Kuschti, wann main Papp dain Bericht liest waert hien roud unlaafen. Du hues matt denger Fourche mei missen op d'Zänn beissen wei mir zwee. Bass richteg gudd gefuer an sin mir secher datt dain "nie méi déi Course an Schottland" net sou gemengt war. Ech waert dir d'nächst Joer Freides schon den Radosalil proposéieren. An villmols Merci fir deng Blummen.

En kuerzen Résumé vun eisem Trip:
Den 1. Mee as mengem Papp an meng Sortie géint 1 Auer Mettes Richtung Zeebrugge lass gaang fir owes d’Fähr Richtung Hull ze erweschen. Bei herrlechem Wieder as et dun ab 7 Auer duerch Nordséi gaang an konnten en herrlechen Sonnenennergang erliewen. No engem gudden Iessen an engem gemittlechen Pättchen hun mir eis an eis Koje verzunn an goufen vum liischten Wellengang gemittlech an den Déifschloef geschaukelt.
http://img831.imageshack.us/img831/691/007rq.th.jpg http://img233.imageshack.us/img233/491/0012vj.th.jpg
Den aaneren Moien sin mir géint 9 Auer an England unkomm an hun eis dun op den Wee Richtung Norden gemaach. No 450km relaxer Autobunn an bessen méi unstrengenden (awer flotten) 150km Landstrooss sin mir dun géint 16 Auer beim herrlechem Wieder unkomm. Nodeems datt mir eis Zemmer am Bed & Breakfast bezunn haaten, hun mir eis nach an der Sonn virun der herrlecher Kuliss vun Loch Leven am Gaart entspaant. Fir den Daag ofzeschleissen sin mir Owes nach an en klengen Feschrestaurant eppes iessen gaang.

http://img694.imageshack.us/img694/9416/1004li.th.jpg http://img716.imageshack.us/img716/7060/1006wq.th.jpg http://img560.imageshack.us/img560/2619/1012o.th.jpg http://img571.imageshack.us/img571/4420/1013e.th.jpg

Donneschdes Moies sin mir op Kinlochleven gefuer wou den Pre65-Trial ofgehaal gett. Knapps nodeems mir englesch Frenn am Paddock moien gesoet hun, gouf main Papp op seng Photo am Prospekt vun der 2012 Editioun ungeschwaat. „Your style is marvelous“ war ennert aanerem gesoet gin an et gouf gudd gelaach ouni datt mir wossten em waat et goen géif. Den John huet eis dun en Heft an den Grapp gedreckt an eis eng Photo vum leschten Joer gewisen. Eng aaner Serie vun Photoen as och net iwwel, virun allem déi zwou lescht Photoen wou sech den Jean an den Steng verstoppt.
http://img337.imageshack.us/img337/552/2019h.th.jpg http://img26.imageshack.us/img26/3126/2020e.th.jpg

Den Kuschti as mam Marvin géint der Mëtteg ungedreckt an sin eis kuerz dono all zesummen unmellen gaang. D’Aschreiwung war fir den Kuschti an main Papp eng Formalitéit, mee well ech net den Moto haat matt dem ech mech ungemellt haat (Kader gerass) hun ech missen nach schnell duerch den Contrôle technique. Huet alles anstandlos geklappt an hun gehoff den Daag an aller Rouh zu Enn goen ze loossen. Mee nix da, op eng Kéier waren zwee Paparazzien do, déi alles gefilmt an geknippst hun…
http://img24.imageshack.us/img24/3378/2010uz.th.jpg http://img443.imageshack.us/img443/5562/2016cx.th.jpg http://img29.imageshack.us/img29/7494/2017i.th.jpg
Den Bernd an den Claude hun en Tour mam duerch Schottland gedreint fir dann um Heemwee beim Oldtimer-Trial en Halt vun 2 Deeg ze maachen an sech den Spaass unzekucken. War richteg flott datt déi zwee laanscht komm sin. Zesummen sin mir 6 dun nach puer Zonen kucken gaang an sin dun owes all zesummen an den Feschrestaurant iessen gaang.

Dun war et souwait. Freides den eischten Daag Course. Main Papp (N°102), Kuschti (N°104) & an (N°100) sin géint 11 Auer op den Tour gescheckt gin an hun direkt missen bei die berühmten Pipeline fueren, déi aus zwou Zonen direkt hannereneen bestaanen huet. Déi eischt Zone as relativ einfach gewiescht, déi zweet hannen drun war schon richteg kniwelleg matt denen aalen Béck. Main Papp huet déi eischt gudd gepackt allerdengs bei der Marche hänken bliwwen, den Kuschti huet déi zwou Zonen gudd gemeeschert an konnt se zu enn fueren. Leider haat ech mech fir den falschen Gang décideiert an sin och an der zweeter hänken bliwwen. Daat war main eischt Léiergeld bei desem speziellen Trial, wou wirklech all Zone an engem Baachlaaf matt dausenden vun klengen bis groussen Steng gefuer gett an et an den Zonen nemmen biergop geet. An et sollt nach vill Léiergeld derbaikommen… No der 6 Zone as den Interzone am Zickzack dun an d’Highlands gaang an huet main Papp an virun allem dem Kuschti villes ofverlaangt. Dem Kuschti seng Ennerärm waren uewen firun der Zone 7 schon sou platt datt hien es schon baal genuch haat icon_smile.gif hepp, nemmen nach 24 Zonen…
http://img600.imageshack.us/img600/8999/62277636.th.jpg http://img214.imageshack.us/img214/3135/50733933.th.jpg http://img502.imageshack.us/img502/191/39541354.th.jpg http://img232.imageshack.us/img232/8285/71966300.th.jpg http://img338.imageshack.us/img338/8497/88040639.th.jpg http://img51.imageshack.us/img51/8747/30012.th.jpg http://img109.imageshack.us/img109/1411/30013.th.jpg http://img690.imageshack.us/img690/1037/30011z.th.jpg
D’Landschaften an denen mir ennerwee waren, waren einfach nemmen herrlech. Och wann mir freides vill Loft haaten, eng kleng Schauer Schnéi/Kneppelstëng op d’Box krueten an jiddereen vun eis vill Domheetspunkten hänken geloos huet, huet d’Course einfach nemmen Spaass gemaach. Owes haat main Papp der 86 um Konto, den Kuschti 68 an ech haat der 44. Owes huet den Anti-Honda-Marvin géint den Anti-BMW-Claude bei engem oder zwee Pint an guddem Iessen den Rescht vun der Gesellschaft gudd amuséiert.

Samsdes, den zweeten Daag Course. Kuerz nodeems mir um halwer 9 aus dem B&B an Richtung Kinlochleven fort gefuer sin mir duerch eng fatzeg Schauer Schnéi gefuer. Main Papp an ech hun eis ungekuckt an gemengt datt daat do en ecklegen Daag um Moto waert gin. Zu Kinlochleven sin mir an der Camionette setzen bliwwen fir eis virun dem kaalen Wieder ze verstoppen. 10 Minuten drop wei den Marvin an den Kuschti opgetaucht sin as den Himmel opgaang an d’Sonn huet sech breet gemaach. Nodeems main Papp an den Kuschti Freides Ennerärem zimlech am Gelli haaten, hun se sech Samsdes vun mir beschwätzen geloss fir den Rado Salil ze testen. Well ech déi zwee op d’Brennen nom Schweesen gewarnt haat, as main Papp op eng Kéier skeptesch gin an huet dem Spaass net méi sou richteg getraut. No kuerzer Iwerleeung hun déi zwee sech dun awer entscheet et ze propéiern…
Nom Start as et direkt nees an d’Highlands gaang an sin op den West Highland Way gefuer. Do wees en net wou en hinkucken soll, sou schéin as et do uewen an den Bierger. Well Samsdes Nummer 91 fir d’eischt gestart as, waren mir matt denen eischten Piloten an den Zonen an konnten ze quasi entjungfern. Samsdes waren déi eischt Zonen richteg knackeg an hun schnell puer Punkten ankasséiert. Nodeems main Papp an der 2 Zone eng Kéier matt engem Arm an enger Baach loung konnt hien den Nieweneffekt vom Salil sengem Rado schnell kennenléieren an huet bessen gekéimt.

Puer Zonen mei wait, grad an der Zone op déi ech mech am meeschten gefreet haat, hun ech eng deck Gaff gemaach. Ech sin mam Moto géint en Talus getippt an hun mir dobai daat enzegt Plastik Steck um Motor futti gemach, den Stutzen um Vergaser wou den Benzinschlauch ungeschloss gett. Leider haat matten an der Pampa keen sou en Steck derbai an haat mech mam Gedanken offondt datt d’Course fir mech riwer wiir. Ech haat mech schon mam Gedanken offond den 130kg Bock iwert Kilometern duerch d’Highlands an den Paddock ze drecken… Den Kuschti an main Papp wollten mir nach hellefen, hun awer gemengt datt sie hier Course sollen faerdeg fueren an mech gewerden loossen sollen. Matt Hellef vun engem franséichen Kolleg (an sengem Schwaizertäschenmesser) hun mir no 20 Minuten den Benzinschlauch nees irgendwei provisorech un den Vergaser festgemaach kruet, an konnt weinstens mam bis an den Paddock fueren. Am Paddock haat en Händler Gott sei Dank sou en Steck derbai an konnt den Moto nees an zwou Minuten flecken. Well ech awer vill Zait verluer haat, hun ech missen 3 Zonen iwersprangen fir net aus der Course geholl ze gin. Dofir gouf ech mat 3 mol 20 Stroofpunkten belount an hun dofir weinstens weiderfueren an hun matt vill Chance dei zwee aaner Gesellen remfonnt. Bis zum Schluss hun mir zu drei nees all eenzel Sekonn vum Trial genoss. Zum Schluss vum Daag haat den Kuschti 87 Stroofpunkten angesäckelt, main Papp der 111 an ech der 101. Nom Trial sin mir nach en gudden Fisch & Chips iessen gaang an hun bei der Preisiwerreechung nach eng Finishermedaille iwerreegt kruet
http://img36.imageshack.us/img36/6049/4002hu.th.jpghttp://img140.imageshack.us/img140/5623/4001v.th.jpg
Sonndes Moies sin mir dun nees Richtung Hul getuckert an sin Meindes mettes zu Colmar nees unkomm.

Et war eng super Woch, léiw Läit kennengeleiert an eng herrlech Course erliewt.

Iwregens huet den Rado Salil zwee nei Fan’en fond an den Kuschti sain „nie méi“ huet sech an en „nie méi matt desem Moto“ verwandelt