Login

Identification de l'utilisateur

Entrez votre nom d'utilisateur et votre mot de passe pour vous identifier:

Oublié votre mot de passe?

Forum

Kinlochleven Scottish Pre 65 - 2011

Auteur Message
le : 02. 05. 11 [16:18]
laurent
Laurent Baatz
Auteur du fil
Inscrit depuis: 20.02.2008
Interventions: 28
Gudden Owend aus Schottland.

Eng Géigend fir op den Arsch ze faalen an en Wieder wei op der Cote, et kéint en baal auswanderen.

waat main Papp an ech des Woch bis lo alles gesin, erliewt an matt gemaach hun, hätt ech virun der Rees net am Draam firstellen kennen. mir haaten eigentlech welles fir läschten Densden op Zeebrugge ze fueren an iwert Nuecht op Hull iwerzesetzen. Well mengem Papp awer nach puer Baudeeler fir seng Maschine gefeelt hun, sin mir dun Densdes iwer Calais bei d'Engländer getuckert. Mir sin Dendes nach bis bei den Greeves-Mann laanscht gefuer bei dem main Papp eng Fourche an Ersatzstecker fir d'DOT bestallt haat. Den gudden Greeves Mann haat eis en Zemmer reservéiert bei dem souguer eng Massage anbegraff war, Milben & co hun sech doremm bekemmert. ech war mei wei frou wei mir Mettwochs nees beim Mann an sengem Atelier (en aalen Paertsstall wou et och alt mol ranreent) waren fir d'Fourche an d'Dot anzepassen. mir hun och dei nei Greeves Trials Maschine (280ccm 2 Takt an komplett aus Alu) gewiesen kruet an konnd den Prototyp mol am Haff propéiberen. Den eischten Androck war ok, huet mech awer net vum Stull gerappt. den gudden Mann as awer vun sengem Projet iwerzeegt an mengt datt hien um Trialsmaart Succès waert hun. Vlaischt déi zweeten Marque bei BBR Very Happy affaire à suivre... Mettes geint 3 sin mir dun duerch ganz England bis an Schottland gereest an owes doudmidd an d'Bett gefall.

Donneschdes sin mir op Kinlochleven gefuer wou den Pre65 Trial gefuer gett. Well d'DOT nach bessen Macken matt der Zündung gemaach huet, waren mir mat Zait do an an haaten mam d'DOT Hiersteller dono gekuckt. Nodeems Bougie, Vergaserschieber an d'Zündung gewieselt war as den Moto och gelaaf. en huet awer kommescherweis sou wei eng eidel metallen Becks mat puer neel dran gemaach. mir waren iwerzeegt datt Zündung net op der richteger Plaat géif stoen an hun 10 mol daat schaiss Dengen roffgeholl an no gestallt. emmer nach daat Geressel. Schlussendlech hun mir den fusch neien Motor (vun DOT komm an wiir ready to race) ausgebaut an den Zylinder ofgebaut. hun metalleschen Ofriff bei der Bielle fond an waren natiirlech schein frustreiert. main Papp haat awer glecklecherweis d'Greeves vun Aywaille nach mattgeholl, fir am Fall wou mir eng Zündung braischten. Den ganzen Moto vun der Greeves an d'DOT gebaut, mee leider hun dun sou lapidar Baudeeler wei Vergaser Loftfilter Auspuff, ... net mei gepasst. vun Moies 10 Auer bis owes 20 riischt duerch gekniwwelt an gebastelt fir den Bock faerdeg ze kreien. Well main Papp den Bock schons oplueden an heem fueren wollt, kennd dir iech jo firstellen datt hien zimlech gereitzt an nervös war. Schlussendlech huet et awer geklappt, mee sou eppes muss ech mir net nach eng Kéier undoen.

Freides as et dun um 11 fir main Papp seriö gin an as den Tour gescheckt gin. den Tour haat tescht 50 an 55 km an et hun missen 30 Zonen eng Kéier gefuer gin. just blöd datt en als Spectateur vum Trial net duerf mam Moto rondremm fueren duerf. sin déi zwee Deeg jeweils en halwen Tour mam MTB hannen drun gefuer , dono war Batterie einfach platt. d'Zonen waren all an Bachleef wou 1000den vun Rolling Stones dran léien waat d'Saachen wirklech knackeg an schwéier gemaach huet. Mam modernen Moto hätt ech bestemmt 30 punkten gemaach, mee de Steve Saunders huet geschter den Tour matt enger propper 0 gemaach, einfach fareckt. Den Interzone war och net grad liischt firun allem déi Plaatzen am Moor waren batter, zemols mam Velo. Den Moto huet keng Macken gemaach, war allerdengs fir des Zonen vill ze laang iwersaat an huet mengem Papp d'Liewen schwéier gemaach.
Haut war den Départ um 10 an et as dun richteg an d'Highlands gaangen. eng Landschaft wei aus dem Billerbuch, Zonen fir ze dreemen, an et war och mam MTB en enzegt Gediicht duerch déi Geigend ze fueren. Den Moto as den zweeten Daag och anstandlos gelaaf an huet just no eng Chute an der leschter Zone keng Kupplung mei gehaat well den Kabel duerchgerappt war. Den Pilot huet et och gepackt an as d'Course zu Enn gefuer. conditionnel war et awer um Limit an as midd mee zefridden an Bett gefall


also dir pre65 Frenn, nächst Joer anschreiwen an mattfueren, et as der waert.

Photoen kommen no.

en Freiden um Start
http://img695.imageshack.us/img695/4642/l1040001.jpg

puer tippesch Zonen
http://img34.imageshack.us/img34/2742/l1040004.jpg
http://img820.imageshack.us/img820/867/l1040009.jpg
http://img26.imageshack.us/img26/3702/l1040067.jpg
http://img405.imageshack.us/img405/559/l1040073.jpg

Pipelines
http://img12.imageshack.us/img12/9549/l1040011.jpg
http://img842.imageshack.us/img842/8027/l1040014.jpg

Highlands
http://img694.imageshack.us/img694/6594/l1040023.jpg
http://img853.imageshack.us/img853/6271/l1040034.jpg
http://img18.imageshack.us/img18/6792/l1040031.jpg
http://img830.imageshack.us/img830/3739/l1040037.jpg

Interzone bis un den Horizont an nees zreck :shock:
http://img339.imageshack.us/img339/4773/l1040053.jpg
le : 05. 05. 11 [08:48]
kenny
ken
Inscrit depuis: 19.02.2008
Interventions: 54
WOW! Respekt fir déi Leeschtung, ech mengen mir hunn een neien Fuerer fir den Trial des Nations icon_eek.gif
Just blöd dass een als Suiveur alles mam MTB muss maachen, mengen do misst meng Schwëster fir mech asprangen icon_cool.gif